En Donneschdeg ass de Rémi Fabiani als leschte Lëtzebuerger bei der Weltmeeschterschaft am Schwammen zu Budapest un den Depart gaangen.

Fir de Rémi Fabiani ass en Donneschdeg de Chrono iwwer 50 Meter Crawl no 22 Sekonnen an 80 Honnertstel stoe bliwwen. Domadder huet hie säin eegenen nationale Rekord ëm 26 Honnertstel verpasst. Den 20 Joer ale Lëtzebuerger gëtt mat där Zäit de 47. ënner 90 Sportler.