De Weekend war de 6. Spilldag vun der Seat League am Tennis, de Seniors Interclub fir Dammen an Hären an der Nationale I.

Um virleschte Spilldag koum et zu follgende Resultater an der Seat League.

Bei den Dammen:

Diddeleng - Péiteng: 0-8

Stengefort - Spora : 0-8

Houwald - Bouneweg: 5-3

Gréiwemaacher - Schéiss: 0-8

Domadder leien d'Spora mat 16 Punkte virun der Schéiss mat 14 a Péiteng mat 13 un der Spëtzt vun der Tabelle.

Klickt hei, fir op d'Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Dammen ze kommen.

Bei den Hären:

Péiteng - Jonglënster: 12-0

Schëffleng - Cap on Line : 12-0

Spora - Schéiss: 9-3

Esch - Houwald: 8-4

D'Spora huet de Finallticket sécher. De Géigner gëtt um leschte Spilldag ermëttelt. Op de Plazen 2 an 3 leien aktuell d'Schéiss an Esch.

Klickt hei, fir op d'Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Hären ze kommen.

All d'Detailer zu de Rencontere fannt Dir um Internetsite vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.

RTL