D'Serena Williams huet an engem dramatesche Match en Dënschdeg den Owend mat 5:7, 6:1 a 6:7 géint d'Franséisin Harmony Tan verluer.

Déi 40 Joer al US-Amerikanerin hat sech hiert Comeback sécherlech aneschters virgestallt. U sech hat d'Williams hire 24. Grand-Slam-Titel uviséiert, ma schlussendlech sollt schonns am éischten Tour Schluss sinn. Iwwer wäit Strecke vum Match huet déi 23-fach Grand-Slam-Gewënnerin wäit ënnert hire Moyene gespillt. Et war hiren éischte Match am Eenzel zanter si d'lescht Joer zu Wimbledon blesséiert huet missen opginn.

Ob dëst elo hire leschte Match an hirer erfollegräicher Karriär war, ass net gewosst. Op alle Fall ass et grousse Réckschlag fir den US-Tennis-Star.