D'Ekipp aus der däitscher Regionalliga Südwest huet den 21 Joer ale Golkipp fir eng Saison vun Erzgebirge Aue ausgeléint.

Dat huet den FC Rot-Weiss Koblenz op sengem Internetsite matgedeelt. Fir den Tim Kips ass dëst d'Chance, fir "méi Spillzäit ze kréien". Dofir seet de Lëtzebuerger béide Veräiner fir dës Méiglechkeet Merci.

E Mëttwoch war scho bekannt ginn, datt och den Dirk Carlson Erzgebirge Aue verléisst. De Lëtzebuerger huet sech ADO Den Haag ugeschloss.