Den 100-fache Lëtzebuerger Futtballnationalspiller war an den Däichwise forméiert ginn, an ass viru 16 Joer vun Ettelbréck bei den F91 Diddeleng gewiesselt

Duerno koum de Stater Racing a Statiounen an Italien, éiert de 36 Joer alen Offensivspiller lo an der Lescht beim FC Déifferdeng 03 ënnert Kontrakt stoung.

Fir den Da Mota geet et deemno am leschten Deel vu senger aktiver Spiller-Karriär nees zeréck bei säin Heemechtsveräin.