En Dënschdeg sinn et genee 70 Joer hier, datt de Josy Barthel Olympia-Geschicht geschriwwen huet a fir Lëtzebuerg zu Helsinki eng Goldmedail gewonnen huet.

70 Joer sinn et hier, datt de Lëtzebuerger Sport eng vu senge gréissten Erfolleger erlieft huet. De 26. Juli 1952 huet de Josy Barthel zu Helsinki am Olympiastadion an der Finall iwwer 1500 Meter déi bis dato eenzeg Goldmedail op den olympesche Spiller fir Lëtzebuerg gewonnen. Gëschter op den Dag genau, gouf e besonnesche Grond fir un hien ze denken.

Celebrate Josy Barthel / Rep. Sam Rickal

Fir un dës Stärestonn ze erënneren, huet de Sportsministère zesumme mat der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun gëschter Owend den "Celebrate Josy Barthel" organiséiert. Eng Hommage un den 1992 verstuerwe Josy Barthel, déi jonk an al gëschter op den INS bruecht huet. Dozou d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun Stéphainie Empain.

“Ech muss soen, datt dat wierklech ee ganz gelongenen Owend war. Ee flott Fest fir un dem Josy Barthel säin Exploit ze erënneren an et war och schéi seng Famill bis zu de klenge Urenkelen um INS gesinn ze hunn. Ech mengen, datt et grad haut, wou mir eng Rëtsch Toppathleten an Athletinnen an eise Reien hunn, datt et och wierklech eng flott Geleeënheet war, fir de Beitrag vun der Lëtzebuerger Liichtathletik zu der Lëtzebuerger Sportswelt an d’Vitrinn ze stellen.”

Nieft enger Ausstellung iwwert de Josy Barthel goufen eng Rëtsch Coursë gelaf. Dorënner och ee Staffellaf bei den Dammen, bei deem d'Victoria Rausch, Patrizia van der Weken, Sandrine Rossi an d'Anais Bauer een neien nationale Rekord iwwer 4x100 Meter opgestallt hunn. Déi 4 Dammen hunn den ale Rekord aus dem Joer 2017 ëm bal eng Sekonn verbessert. Donieft goufen et awer eng Rëtsch Staffelleef, wou de Spaass am Virdergrond stoung.

“Dat eent dat war ee Staffellaf iwwer 1500 Meter, wou den Här Minister, d’Charline Mathias, de Charel Grethen awer och de Alwin de Prins matgelaf sinn. Dat anert war ee Staffellaf iwwer 1500 Meter, wou deen éischten, deen un den Depart gaangen ass 300 Meter gelaf ass, duerno déi nächst dräi 400 Meter gelaf sinn. Do hat ech déi grouss Éier an enger Staffel matzelafen, wou den Här Minister Georges Engel den Depart geholl huet an dunn d’Josée Lorsché gelaf ass. Duerno sinn ech déi 400 Meter gelaf an als Leschte war et dunn de Vincent Nothum, dee fir eis op d’Arrivée gelaf ass.”

D'Ausstellung iwwert de Josy Barthel an de Raimlechkeete vum INS kënnt Dir bis den 12. August vu moies 10 bis owes 5 kucke goen. Weider Informatioune fannt Dir op der fla.lu.