Den Armand "Mondo" Duplantis huet et schonn nees fäerdeg bruecht! Op der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft brécht hie säin eegene Weltrekord.

Den 8. Februar 2020 huet den Duplantis fir d'éischte Kéier en neie Weltrekord mat 6,17 Meter am Stafhéichsprong opgestallt. De 15. Februar 2020 sollt hien dëse schonn ëm een Zentimeter iwwertreffen. De 7. Mäerz 2022 huet hien de Weltrekord op 6,19 Meter gestallt, fir en den 20. Mäerz 2022 op 6,20 Meter ze verbesseren.

E Sonndeg huet hie sech dunn nees eng Kéier iwwertraff. Den neie Weltrekord, deen den Duplantis op der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft 2022 an Eugene opgestallt huet, si 6,21 Meter. Dëst ass elo fir déi fënnefte Kéier, datt hien de Weltrekord am Stafhéichsprong opstellt. Den 22 Joer jonke Schwed konnt dem medialen Drock domat standhalen a sech als klore Gewënner op der Weltmeeschterschaft duerchsetzen.

Ob a wéini hien de Rekord nach eng Kéier brieche wäert, steet an de Stären, mä hie wäert alles drusetzen, fir ëmmer méi héich ze sprangen, esou de gléckleche Gewënner no senger Victoire.