De Gilles Seywert huet op der Police-Weltmeeschterschaft zu Rotterdam an Holland am Bouschéissen zwou Goldmedaile gewonnen.

De Compound-Spezialist aus dem COSL-Elittekader huet an der Disziplin "Target" iwwer 60, 50 a 40 Meter 896 vun am Ganzen 900 Punkte realiséiert an domadder en Dënschdeg déi éischt Goldmedail gewonnen.

E Mëttwoch sollt den Athlet dunn eng weider Goldmedail gewannen. Hie konnt säin ale Landesrekord an der Kategorie "Field" ëm 5 Punkte verbesseren an domat eng weider Victoire feieren.

En Donneschdeg koum nach eng Sëlwermedail am 3D-Schéissen no.

Gold, well d'Fra d'Erlabnis zum Schéisse ginn huet!

Gilles Seywert / Reportage Sam Rickal

No dem Europameeschtertitel vun 2014 zu Bréissel konnt sech de Gilles Seywert en Dënschdeg fir déi éischte Kéier d'Goldmedail an der Disziplin "Target" sécheren. De Compound-Spezialist aus dem COSL-Elittekader hat an der Disziplin "Target" iwwer 60, 50 a 40 Meter 896 vun am Ganzen 900 Punkte realiséiert. D'Wiederkonditioune ware fir de COSL-Elittesportler alles anescht wéi einfach.

"Moies wéi ech opgestane sinn, huet et gehierlos gereent. Glécklecherweis huet de Reen, kuerz ier et lass gaangen ass, opgehalen. Mee du koum de Wand, deen och hei relativ nerveg ass op der Anlag, well e koum vu lenks, vu riets a vun hannen. Dat huet jo Auswierkungen op de Feil an et wëll ee jo wierklech net aus dem 10ter rausschéissen. Do muss een och wierklech mat korrigéieren a mat kucken."

Qualifizéieren huet de Gilles Seywert sech net missen. Jiddereen deen am Service vun de Pompjeeën oder vun der Police ass, kann sech op dëser Weltmeeschterschaft umellen a matmaachen. Haut war de Gilles Seywert an der Kategorie "Field" ënnerwee, an dat mat ganz vill Succès. Säin ale Landesrekord konnt de Gilles Seywert ëm 5 Punkte verbesseren a domat eng weider Goldmedail feieren.

"Et war scho rëm e bësse Wand, mee doduerch datt d’”Field” bësse méi Hannerwands an de Bëscher an dem Gehecks ass, war et net sou schlëmm wéi gëschter, soudatt d’Schéisse méi einfach gefall ass. Deen een oder anere Feil hat zwar eng erwëscht, mee et ass awer ganz gutt gaangen. Am Endeffekt sinn ech richteg zefridde mam Resultat wat ech geschoss hunn. Eng nei Beschtleeschtung, déi ech geschoss hunn. Dat heescht ech hunn mäin ale Lëtzebuerger Landesrekord ëm 5 Punkte vu 412 op 417 Punkte verbessert."

Dat Ganzt geet natierlech net ouni déi néideg Ënnerstëtzung, a fir déi ass de Gilles Seywert besonnesch dankbar.

"Menger Ekipp a mengem gudde Chef vun deem ech d’Méiglechkeet krit hunn, fir heihin ze kommen a fräi kritt hunn. Respektiv meng gutt Madamm, déi mir doheem, nieft all deenen Tournoien op déi ech soss am Joer schéisse ginn, d’Erlabnis ginn huet, fir rëm eng Kéier hei e puer Deeg d’Lëtzebuerger Land ze representéieren."

D'Police-Weltmeeschterschaft war fir de Gilles Seywert awer no deenen 2 Goldmedaillen nach net eriwwer. An der Kategorie "3D" ass hien och un de Start gaangen an do ass um Donneschdeg eng gutt zweete Plaz erausgesprongen.