Den Nico Crelo huet op der Police-Weltmeeschterschaft zu Rotterdam an Holland am Sportschéisse 6 Gold-, eng Sëlwer- an zwou Bronzemedaile gewonnen.

De Lëtzebuerger Policebeamten Nico Crelo konnt sech an den Disziplinne PPC Pistol, PPC Revolver, distinguished Pistol, distinguished Revolver, service stock Auto a service stock Revolver géint seng Konkurrenz duerchsetzen a sensationell 6 Goldmedaile gewannen. An der Disziplin PAP Revolver Mixed Team ass den Nico Crelo den Zweete ginn. Domadder konnt hien eng Sëlwermedail mat op Lëtzebuerg bréngen. D'Bronzemedaile konnt hien iwwerdeems an den Disziplinne PAP Revolver Single a PPC Pistol Mixed gewannen.