An de leschte Méint goufen et ëmmer nees Diskussioune ronderëm déi Persoun.

Ënnert anerem huet och de President vum COSL, den André Hoffmann, net mat Kritik un der Persoun gespuert.

Rezent gouf et eng Polemik ëm d'Indemnitéiten, déi net méi ausbezuelt goufen, déi Traineren, Kinéen a Préparateurs physique vun de verschiddene Formatiounszentere solle kréien, déi mam Sportlycée zesummeschaffen.

De Premier Conseiller de Gouvernement am Sportsministère, de Laurent Deville, hat en Arrêté vun der Regierung vum 21. Dezember 2001, respektiv e Gesetz vum 21. Juli 2012, op eemol anescht interpretéiert wéi dat déi lescht Joren de Fall war.

Direkt nodeems de Sportminister Georges Engel dëst matkritt hat, huet hien d’Instruktioun ginn, datt déi Suen, fir déi schonn eng Prestatioun gemaach gouf, direkt deblockéiert misste ginn.

De Georges Engel huet op eis Nofro hi gesot, datt hien net méi op Rumeure géif äntweren.