De Lëtzebuerger Vincent Thill, deen zejoert vun ukrainesche Veräi Worskla Poltawa un Örebro SK ausgeléint war, huet elo en neie Club fonnt.

Den 22 Joer jonke Lëtzebuerg wäert déi nächst Saison fir den 12-fache schweedesche Meeschter AIK Solna um Terrain stoen. Dëst huet de schwedesche Veräin e Freidegmëtteg op de sozialen Netzwierker matgedeelt. Et huet een de Nationalspiller bis den 30. Juni 2023 ausgeléint.

Domadder besteet d'Méiglechkeet, datt nach en weidere Lëtzebuerger Spiller an enger europäescher Kompetitioun un de Start goe kéint. AIK Solna ass den Ament an der Conference League Qualifikatioun, wou si en Donneschdeg 1:1 géint Tetovo aus Nordmazedonien gläichgespillt hunn.