Bei engem Meeting an der Belsch ass de jonke Lëtzebuerger e Samschdeg eng Zäit vu 7 Minutten, 53 Sekonnen a 60 Honnertstel gelaf.

An der Liichtathletik ass de Ruben Querinjean e Samschdeg den Owend zu Kessel-Lo an der Belsch een neien nationale Rekord iwwer 3.000 Meter gelaf.

Fir de Leefer vum Celtic ass de Chrono no 7 Minutten, 53 Sekonnen a 60 Honnertstel stoe bliwwen. Domadder ass hie 60 Honnertstel ënnert dem Lëtzebuerger Rekord vum Justin Gloden aus dem Joer 1982 bliwwen.