Zu Wäicherdang goufen um Samschdeg déi national Championen iwwert déi kuerz Distanz am Trail gesicht.

Tower Power = Tierm a Kraaft. Zu Wäicherdang hunn d'Leefer mental a physesch Kraaft gebraucht, fir den Trail op en Enn ze bréngen.  Déi héich Temperaturen, ëm déi 30 Grad, hunn d'Saach net méi einfach gemaach.

Vum President bis hin zu den Allerklengsten, jiddwereen huet eng Hand mat ugepaakt. 5 Asbl'e waren am Asaz am Déngscht vun de den Trailleefer.

Tower steet fir déi 4 pittoresk Tierm, bei deenen d'Leefer laanscht lafen. D'Clierfer Schlass, d'Kierch, d'Abtei an net ze vergiessen de Wäicherdanger. Esou en Zwiwwelturm, vun deene ginn et der nëmme wéineg bei eis am Ländchen.

Et stoung och e Championstitel um Spill, nämlech dee vum  Trail iwwert déi kuerz Distanz. Kuerz, bedeit hei ëmmerhin 21 km.

Bei den Häre gewënnt de Gil Weicherding vum Celtic Dikrech virum David Trampert (+ 29 Sekonnen) an dem Luc Scheller (+ 2'05'') vum CSL. Domat gëtt de Weicherding och Lëtzebuerger Champion. De Podium komplettéieren de Luc Scheller an de Sven Remakel vum CA Diddeleng (+4'34'').

Bei den Damme geet de Championstitel un d'Anny Wolter vum CA Fola virum Shefi Xhaferaj (+4'18'') an dem Margaux Bruls vum CSL (+6'11'').

Hei fannt dir alleguer d'Resulater vum Power-Tower-Trail.