Mainz an Union Berlin hu sech 0:0 getrennt. Um éischte Spilldag an der Serie A ginn et Victoirë fir Florenz a Lazio Roum. Nice a Stroossbuerg spillen 1:1.

Um Samschdeg hat Manchester United eng blamabel éischt Hallschent gespillt, wärend de lokale Rival ManCity eng exzellent Presentatioun gewisen hat. Liverpool komplettéiert e Méindeg den zweete Spilldag an der Premier League.
An der Bundesliga hat Leverkusen um Samschdeg seng zweet Néierlag vun der Saison kasséiert a rangéiert aktuell op der leschter Plaz.

Bundesliga

Mainz - Union Berlin 0:0

An der éischter Hallschent war et kee schéine Match zu Mainz. Béid Ekippen hu bei héijen Temperaturen net an de Match fonnt an de Match huet sech haaptsächlech am Mëttelfeld ofgespillt. Déi kreéiert Golchancë vu béiden Ekippe waren net wierklech geféierlech. An der zweeter Hallschent hat Mainz déi besser Chancen, konnt awer keng dovun notzen. Och déi lescht gutt Aktioun vum Match huet der Heemekipp gehéiert, mee Union konnt d'Situatioun klären.

Bayern München - Wolfsburg 2:0
1:0 Musiala (33'), 2:0 Müller (44')

Wolfsburg war gutt an de Match komm, d'Bayern hunn awer ëmmer méi Drock opgebaut a si virun der Paus duerch de Musiala an de Müller mat 2:0 a Féierung gaangen. Et hätt och kënnen 3:0 stoen. No der Paus huet München de Match weider geréiert an no vir gespillt. De Mané krut e Gol wéinst Abseits oferkannt, mee dat huet Wolfsburg och näischt bruecht. Um Enn gewannen d'Bayern verdéngt a stinn nees un der Tabellespëtzt.

Premier League

Chelsea - Tottenham 2:2
1:0 Koulibaly (19'), 1:1 Hojbjerg, 2:1 James (77'), 2:2 Kane (90'+6)

Chelsea war verdéngt mat 1:0 an d'Paus gaangen, och well d'Gäscht sech an der éischter Hallschent iwwerraschend schwaach presentéiert haten. Kuerz no der Paus huet Tottenham déi éischte Kéier op de Gol, woumat de Match richteg lancéiert war. Béid Ekippen hu sech uschléissend Golchancen erausgespillt. Beim Ausgläich vum Hojbjerg sinn d'Trainere Conte an Tuchel uneneegeroden an den Arbitter huet mussen agräifen. 10 Minutten nom Ausgläich ass Chelsea duerch den James nees a Féierung gaangen an hat d'Méiglechkeet de Match fir sech ze entscheeden. An der Nospillzäit huet Tottenham nach duerch de Kane ausgeglach. Den Tuchel an de Conte sinn nom Ofpëff beim Handshake nach eng Kéier uneneegeroden an den Arbitter huet d'rout Kaart gezéckt.

Serie A

Florenz - Cremonese 3:2
1:0 Bonaventura (16'), 1:1 Okereke (19'), 2:1 Jovic (34'), 2:2 Bianchetti (68'), 3:2 Mandragora (90'+5)

Florenz huet sech an der éischter Hallschent géint den Opsteiger immens schwéier gedoen, louch awer an der Paus awer verdéngt mat 2:1 vir a war och an Iwwerzuel. An awer konnt Cremonese no 20 Minutten an der zweeter Hallschent ausgläichen. Florenz konnt eréischt an der Nospillzäit duerch en Eegegol vum Golkipp den 3:2 markéieren.

Lazio Roum - Bologna 2:1
0:1 Arnautovic (38', Eelefmeter), 1:1 De Silvestri (68', Eegegol), 2:1 Immobile (79')

Lazio Roum war schonn no 6 Minutten an Ënnerzuel geroden, well de Maximiano mat Rout vum Terrain gesat gouf. Den Arnautovic d'Gäscht per Eelefmeter a Féierung bruecht, mee nach virun der Paus krut och Bologna e Mann mat Giel-Rout vum Terrain gesat. An der zweeter Hallschent huet Lazio de Géigner ënner Drock gesat an ass duerch en Eegegol zum Ausgläich komm, éier den Immobile fir de finale Score gesuergt huet. Insgesamt war et e ruppege Match mat ville giele Kaarten.

Ligue 1

Nice - Stroossbuerg 1:1
1:0 Delort (35', Eelefmeter), 1:1 Gameiro (55')

Den héich gehandelte Veräi vun Nice start mat zwee Gläichspiller, Stroossbuerg séchert sech den éischte Punkt an der neier Saison. Nice war duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen, dee Stroossbuerg an der zweeter Hallschent ausgläiche konnt.

La Liga