De Lëtzebuerger gouf schonn déi lescht Saison un den tierkesche Veräin ausgeléint.

De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Olivier Thill bleift an der Tierkei. Wéi Eyüpspor e Méindeg matgedeelt huet, gouf de Lëtzebuerger fest verflicht. Den Olivier Thill hat schonn déi lescht Saison zesumme mam Gerson Rodrigues fir de Veräin aus der zweeter tierkescher Liga gespillt. Hie war vum ukrainesche Veräin Worskla Poltawa ausgeléint ginn.

De 25 Joer ale Futtballer wäert dem Veräin awer nach net direkt zur Verfügung stoen, dat wéinst engem Kräizbandrëss vun Enn Mee.