De Julien Henx ass iwwert déi nämmlecht Streck de 45. ginn. Mam Max Mannes war en Dënschdeg och nach een drëtte Lëtzebuerger am Asaz.

En Dënschdeg um zweetleschten Dag vun de Schwamm-Europameeschterschaften zu Roum ass de Rémi Fabiani iwwer 50 Meter Crawl mat enger Zäit vun 22,63 Sekonnen deen 28. ginn. Hien ass domadder 9 Honnertstel iwwert sengem Lëtzebuerger Rekord bliwwen. Deen zweete Lëtzebuerger Julien Henx ass mat engem Chrono vun 22,95 Sekonnen dee 45. ënner 74 Schwëmmer ginn.

Iwwer 100 Meter Réck huet sech de Max Mannes mat enger Zäit vu 57,21 Sekonnen als 37. klasséiert. 43 Schwëmmer waren um Start.