D'Lëtzebuergerin ass an den Halleffinallen eng Zäit vun 11,51 Sekonne gelaf.

Op der Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu München ass d'Patrizia van der Weken iwwer 100 Meter déi 17. ginn. An den Halleffinallen en Dënschdeg den Owend ass d'Lëtzebuergerin e Chrono vun 11,51 Sekonne gelaf. Si ass domadder 22 Honnertstel iwwert hirem nationale Rekord bliwwen a konnt sech net fir d'Finall vun den aachtbeschte Leeferinne qualifizéieren. Mat 11,28 Sekonnen huet sech déi lescht Sportlerin fir den Endlaf qualifizéiert.

D'Finall iwwer 100 Meter bei den Damme gouf en Dënschdeg den Owend gelaf. Hei ass Gold un d'Gina Lückenkemper aus Däitschland gaangen. Si ass eng Zäit vun 10,99 Sekonne gelaf. Bei den Hären huet sech den Italiener Marcell Jacobs mat 9,95 Sekonnen den Europameeschtertitel geséchert.

An der Liichtathletik geet d'Victoria Rausch e Samschdeg nach als lescht Lëtzebuergerin an de Virleef iwwer 100 Meter Hecken un den Depart.