An der Conference-League-Qualifikatioun waren en Donneschdeg den Owend e puer Veräiner mat Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller gefuerdert.

De Bundesligist 1. FC Köln mam Mathias Olesen huet sech am Allersmatch misse géint Fehervar aus Ungarn geschloe ginn. Virun den eegene Spectateuren huet een an Ënnerzuel mat 1:2 verluer. Den Dietz hat den FC an der 14. Minutt a Féierung geschoss. An der 21. Minutt gouf et dunn allerdéngs duerch eng Rout Kaart vum Chabot e Réckschlag. D'Gäscht hu vun der Iwwerzuel profitéiert a konnten nach virun der Paus de Match dréinen a mat 2:1 a Féierung goen. De Kölner ass no der Paus keng Reaktioun méi gelongen an esou gouf et eng 1:2-Néierlag. De Lëtzebuerger Olesen gouf an der 76. Minutt agewiesselt.

Besser gelaf ass et fir ZSKA Sofia. De bulgaresche Veräin huet den Allersmatch mat 1:0 géint den FC Basel aus der Schwäiz gewonnen. Den Enes Mahmutovic souz bei der Lokalekipp déi 90 Minutten op der Bänk.

De schwedesche Veräin AIK Solna huet den Allersmatch an Tschechien bei Slovacko mat 0:3 verluer. Domadder gesäit et fir de Retourmatch net ze all ze gutt aus. De Vincent Thill stoung bei Solna net am Kader.

Mam Marvin Martins spillt aktuell och nach ee Lëtzebuerger Nationalspiller mat sengem Veräin ëm d'Gruppephas vun der Europa League. Austria Wien huet sech am Allersmatch allerdéngs missen an Ënnerzuel mat 0:2 géint Fenerbahce Istanbul geschloe ginn. De Marvin Martins stoung bei Wien an der Startformatioun an huet de ganze Match duerchgespillt.

Eng iwwerraschend 1:3-Néierlag gouf et fir dem Maxime Chanot seng Ekipp géint Charlotte FC. Trotz Gol vum Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Maxime Chanot huet New York City doheem de Kierzere géint Charlotte gezunn. Säi Veräin ass nom 29. Spilldag elo 3. an der Tabell (Eastern conference). Zejoert war New York City Champion an Amerika ginn.

Dënschdeg

Den Danel Sinani huet en Dënschdeg den Owend mat engem perséinleche Gol zum 2:1-Erfolleg vun Norwich géint Huddersfield bäigedroen. De Lëtzebuerger Futtballer huet deemno géint déi Ekipp gespillt, un déi hien déi lescht Saison ausgeléint gi war. Et ass déi éischt Victoire vun Norwich dës Saison an der Championship, der zweethéchster englescher Futtballliga.

Norwich ass no 4 Matcher mat 4 Punkten de 16. an der Tabell.