E Samschdeg war déi 2. Editioun vum NAGA Luxembourg Grappling Championship zu Fréiseng, en internationaalt Kampfsportturnéier.

382 Sportler aus 45 Länner hu bei dësem Evenement participéiert a 655 Kämpf goufen de ronn 300 Spectateure gebueden. 3 Ekippe vum brasilianesche Jiu Jitsu vun der Fédération Luxembourgeoise des Arts Martiaux hunn am ganzen 30 Goldmedailen, 30 Sëlwermedailen an 18 Bronzemedaile mat Heem geholl.

Ausserdeem konnte sech déi 3 Ekippe vun der FLAM an den Top 10 vum Team-Ranking klasséieren an dat bei méi wéi 60 Ekippen, déi participéiert hunn.

Eng Lëtzebuerger Ekipp war och erfollegräich a konnt sech een "Team Belt", deen een als bescht klasséiert Ekipp ergattert, sécheren.