D'Nummer 1 vun der Welt Iga Swiatek an d'Tunesierin Ons Jabeur konnte sech an der Halleffinall géint hir Konkurrentinne behaapten.

An der éischter Halleffinall konnt sech d'Jabeur géint d'Franséisin Caroline Garcia an zwee Sätz mat 6:1 a 6:3 souverän duerchsetzen.

An der zweeter Halleffinall konnt sech d'Polin Swiatek géint d'Wäissrussin Aryna Sabalenka an dräi Sätz mat 3:6, 6:1 a 6:4 d'Victoire sécheren.

D'Finall gëtt e Samschden zu New York am Arthur Ashe Stadion um 22.00 Auer eiser Zäit gespillt.