De Spuenier Carlos Alcaraz, Nummer 4 op der Welt, huet sech fir d'Finall vun de US Open am Tennis qualifizéiert.

Den 19 Joer ale Spuenier trëfft an der Finall vum Grand Slam zu New York op den Norweger Casper Ruud.

Déi zwee Tennisspiller spillen e Sonndeg den Owend um 22 Auer eiser Zäit nieft dem Titel och ëm d'Nummer 1 an der Weltranglëscht.

Den 23 Joer alen Norweger hat sech an der Halleffinall vun New York mat engem 7:6 (7:5), 6:2, 5:7 a 6:2 géint de Russ Karen Chatschanow duerchgesat.

De Spuenier huet sengersäits an engem haart ëmkämpfte Match, deen iwwer véier Stonne gedauert huet, mat 6:7 (6:8), 6:3, 6:1, 6:7 (5:7) a 6:3 géint de Frances Tiafoe gewonnen.

Fir béid Spiller wär et déi éischt Victoire bei engem Grand Slam.