Nodeems de Spuenier a 4 Sätz géint den Norweger Casper Ruud d'Finall vun de US Open gewonnen huet, ass hien och elo déi jéngsten N°1 an der Weltranglëscht.

Den 19 Joer jonken Alcaraz huet mat 6:4, 2:6, 7:6 a 6:3 géint de Ruud gewonnen. Hie séchert sech domat och säin éischte Grand-Slam-Titel vu senger nach ganz jonker Karriär.