Mat iwwer 9.817 Punkten hu sech d'Charline Mathias a Co den Titel geséchert.

Bei der Coupe des Dames am Stade Josy Barthel gouf et eng Victoire fir de CSL. Si konnte sech mat 9.817 Punkte virum CAD (9.393 Punkten) vu Diddeleng duerchsetzen. Déi drëtte Plaz um Podium war mat 9.122 Punkte fir de CAB.

Fir de CSL ware bei de Seniorinnen iwwer 100 m Nora Lindahl mat 11,98 Sekonnen dat Séierst. Charline Mathias huet sech mat 2 Minutten, 16 Sekonnen a 54 Honnertstel déi 1. Plaz iwwer 800 geséchert.