An der éischter Episod no der Summerpaus ass dës Woch d'Paule Kremer Invitée am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".

2017 ass d'Paule Kremer duerch den Ärmelkanal geschwommen. Am August dëst Joer ass d'Ultrasportlerin duerch de Katalina Channel a Kalifornien geschwommen. Domadder bleiwen nach 5 Mierengte queesch iwwer d'Welt ze duerchschwammen, fir de Projet "Ocean's Seven" ze realiséieren. Dat ass dat grousst Zil vum Paule Kremer an doriwwer gouf am Podcast vill geschwat.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 81: Paule Kremer

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.