De 24. September 2022 invitéiert de Sportsministère déi Sportbegeeschtert nees op Esch-Belval op d'Place de l'Académie fir den #BeActive Day.

De Publik ass dobäi häerzlech agelueden, fir eng breet Panoplie u Sportaarten auszetesten a fir un diverse sportlechen Atelieren deelzehuelen. D'Evenement fänkt dobäi um 10 Auer moies un an hält um 18 Auer owes op. Dotëscht ginn eng sëllegen Atelieren a Virféierungen organiséiert.

Follgend Sport-Ateliere ginn organiséiert:

  • Baseball,
  • BMX
  • Boxen
  • Kloteren
  • Hockey
  • Indiaca
  • Lacrosse
  • Fitness
  • Parkour
  • Pickleball
  • Skateboard
  • Squash
  • Street Rackett
  • Golf

Donieft ginn Cheerleading-, BMX-, Zumba-, Capoeira- an Just Dance-Virféierungen ugebueden.

RTL

© Ministère des Sports