E Samschdeg an e Sonndeg stoungen a Frankräich d'Finalle vun de Europe Triathlon Youth Championships um Programm. Am Ganze ware 6 Lëtzebuerger am Asaz.

Esou ware bei de Meedercher d'Gwen Nothum, d'Mara an d'Linda Krombach am Asaz, wougéint bei de Jongen de Ben Smallbone, de Poli Stoffel an den David Lang ugetruede sinn. Doriwwer eraus si Lang/M. Krombach/Stoffel/Nothum och als Lëtzebuerger Ekipp am Relais Mixte ugetrueden, wougéint den Smallbone an enger europäescher Ekipp dorunner deelgeholl huet.

Am Relais Mixte koum déi Lëtzebuerger Ekipp als 6. vun am Ganzen 29 Ekippen iwwert d'Ligne d'Arrivée. D'Lëtzebuerger hu sech hei just géint Frankräich, Groussbritannien, Spuenien, Éisträich an Italien misse geschloe ginn.

Bei de Meedercher an der Finall A koum d'Gwen Nothum op eng gutt 15. Plaz. Domadder huet d'Gwen Nothum sech am Verglach zum leschte Joer ëm 12 Positioune verbessert. D'Mara Krombach, dat wéinst enger Middegkeetsfrakture 3 Méint kee Laftraining konnt maachen, huet an der Halleffinall just um Schwammen an um Vëlofueren deelgeholl a konnt domadder hiren Titel vun zejoert net verdeedegen. D'Linda Krombach, déi 2 Joer méi jonk Schwëster vum Mara Krombach, huet et an d'Finall A gepackt. Hei hat hatt kee Gléck. Déi jonk Triathletin huet ee Platten erwëscht. Konnt sech trotzdeem nach eng Zäit am Spëtzegrupp halen, ma ass dunn opgrond vum Platte gefall an huet missen opginn.

Bei de Jongen an der Finall B schléissen déi zwee Lëtzebuerger Ben Smallbone a Poli Stoffel d'Course op der 14. respektiv op der 15. Plaz of. An der Finall A kënnt den David Lang als 12. iwwert de wäisse Stréch. Domadder schléisst den David Lang seng Saison mat enger zolitter Leeschtung of. Nieft enger 4. Plaz am franséische Championnat, enger 6. Plaz op der Weltmeeschterschaft bei de Junioren an enger 28. Plaz am europäesche Championnat bei de Juniore mécht de jonke Lëtzebuerger nees eng Kéier mat enger gudder Leeschtung op sech opmierksam.