Den Transfert soll am Dezember iwwert d'Bün goen. Den Eberl, deen aus gesondheetleche Grënn bei Gladbach opgehalen hat, kënnt nees an de Profi-Sport zréck.

Den Eberl, fir deen RB Leipzig ronn 2,5 Milliounen Euro ausginn huet, soll e längerfristege Kontrakt ënnerschriwwen hunn, dee vum 15. Dezember u gëlle soll, heescht et op der Internetsäit vun RB. Domadder iwwerhëlt den Eberl gutt zwou Woche virum Ufank vun der Wanter-Transfertperiod d'Roll vum Sportdirekter bei RB Leipzig. Zu Leipzig wäert den Eberl mam Trainer Rose zesummeschaffe mussen, deen hien am Joer 2019 scho vu Salzburg op Mönchengladbach geholl hat.

Op der Internetsäit vun de "Roten Bullen" gëtt den Eberl esou zitéiert: "Ech si frou, haut den Transfert a Richtung Leipzig matdeelen ze kënnen. Ech sinn dankbar fir déi Zäit, an där ech mech erhuele konnt, a sinn elo nees prett, fir mat voller Kraaft a vollem Asaz am Futtball-Beräich schaffen ze kënnen."

Och d'Leipziger weise sech vum neien Transfert iwwerzeegt. Esou gëtt den Oliver Mintzlaff zitéiert, "en absolutte Futtballexpert rekrutéiert ze hunn".