Am Tennis ass vum 20. bis den 23. Oktober den Damme-Masters-Tournoi an der Coque.

En Dënschdeg goufe weider véier Spillerinne virgestallt, déi wäerte mat dobäi sinn, dorënner mam Jelena Jankovic an dem Kim Clijsters zwou fréier Nummer Eente vun der Welt.

Donieft sinn en Dënschdeg och nach d‘Agnieszka Radwanska an d‘Kiki Bertens annoncéiert ginn.

Et war schonns méi laang gewosst, datt d‘Mandy Minella, d‘Martina Hingis (och fréier Nummer 1), d'Daniela Hantuchova an d‘Julia Görges wäerten un der éischter Editioun vum Tennis Masters deelhuelen.