Domat wëll d'FLF dozou bäidroen, datt op de Futtballterraine manner Stroum verbraucht gëtt.

Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet e Mail un hir Veräiner geschéckt, datt de Verwaltungsrot vun der FLF decidéiert huet, fir d‘Matcher vun den éischten Ekippen um Sonndeg vu 16 op 15 Auer no vir ze leeën. Dës Decisioun gouf geholl, fir domat bäizedroen, datt d‘Consomatioun vum Elektreschen op de Futtballterraine ka reduzéiert ginn. Dës Mesure gëllt vum Sonndeg, dem 9. Oktober un, dat heescht a ronn zwou Wochen.