An Italien huet sech de Leader Neapel ouni Problemer géint den FC Turin duerchgesat.

An der Bundesliga ass e Samschdeg och de Ball gerullt. Ënnert anerem huet hei Köln géint de BVB gespillt a Freiburg war géint Mainz mam Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro gefuerdert.

Premier League

Arsenal - Tottenham 3:1
1:0 Thomas (20'), 1:1 Kane (31', Eelefmeter), 2:1 Gabriel Jesus (49'), 3:1 G. Xhaka (67')

Arsenal London huet d'Tabelleféierung duerch een 3:1 am North-London-Derby géint Tottenham Hotspur gefestegt. Den Thomas hat d'Gunners mat engem Dramgol a Féierung bruecht (20'). De Kane konnt fir d'Gäscht awer nach virun der Paus duerch een Eelefmeter op 1:1 ausgläichen (31'). De Stiermer ass domadder deen éischte Spiller, deem an der Premier League 100 Auswäertsgoler gegléckt sinn.

Nom Säitewiessel huet de Gabriel Jesus nees fir d'Féierung vun Arsenal gesuergt. Tottenham huet sech dunn duerch eng Rout Kaart vum Emerson Royal selwer geschwächt. Fir den 3:1-Schlusspunkt huet de Xhaka gesuergt (67).

Fir den 13-fachen englesche Champion ass et déi 7. Liga-Heemvictoire noeneen. D'Gunners stinn aktuell mat 21 Punkten no aacht Matcher op der 1. Plaz. Tottenham huet 17 Punkten.

Liverpool - Brighton 3:3
0:1 Trossard (4'), 0:2 Trossard (18'), 1:2 Firmino (33'), 2:2 Firmino (54'), 3:2 Webster (63', Selbstgol), 3:3 Trossard (83')

No enger Paus vun engem Mount an der Premier League muss sech Liverpool mat engem 3:3-Remis géint Brighton zefridde ginn. An dat obwuel d'Reds den 0:2-Réckstand aus der Ufanksphas schonn erfollegräich gedréint haten. Ma Brighton huet net opginn an esou konnt een duerch dräi Goler vum Trossard dräi Punkte mat an de Süden huelen.

No 7 Matcher huet Brighton 14 Punkten um Kont an domadder véier méi wéi d'Ekipp vum Jürgen Klopp, déi scho fréi an der Saison riskéieren, den Uschloss un d'Tabellespëtzt ze verléieren. Den nächst Spilldag waart mam FC Arsenal e weidere schwéiere Géigner.

Crystal Palace - Chelsea 1:1
1:0 Edouard (7'), 1:1 Aubameyang (38')

Serie A

SSC Neapel - FC Turin 3:1
1:0 Anguissa (6'), 2:0 Anguissa (12'), 3:0 Kvaratskhelia (37'), 3:1 Sanabria (44')

An der italieenescher Serie A hat um 8. Spilldag Neapel keng Problemer géint den FC Turin. Direkt an der éischter Véierel Stonn huet Napoli fir kloer Verhältnisser gesuergt. Den Anguissa huet mat zwee Goler (6', 12') seng Faarwen a Féierung bruecht. An der 37. huet de Kvaratskhelia mam 3:0 fir d'Virentscheedung gesuergt. Virun der Paus konnt Turin wuel duerch de Sanabria op 1:3 verkierzen, ma Neapel huet nom Téi näischt méi an der Partie ubrennegelooss an de Score iwwert d'Zäit bruecht.

Inter Mailand - AS Roum 1:2
1:0 Dimarco (30'), 1:1 Dybala (39'), 1:2 Smalling (75')

Inter Mailand huet de wichtege Match géint d'AS Roum verluer. An der 30. Minutt war d'Lokalekipp nach duerch den Dimarco a Féierung gaangen. Nëmmen 9 Minutte méi spéit huet den Dybala fir d'Roma ausgeglach. No der Paus ass dunn den decisiven 2:1 fir d'Gäscht duerch de Smalling gefall. Duerch d'Néierlag huet Inter elo schonn e Réckstand vun 8 Punkten op Neapel. D'Roma huet 16 Punkten um Konto.

FC Empoli - AC Mailand 1:3
0:1 Rebic (79'), 1:1 Bajrami (90+2), 1:2 Ballo-Toure (90+3), 1:3 Leao (90+6')

Ligue 1

PSG - Nice 2:1
1:0 Messi (29'), 1:1 Laborde (47'), 2:1 Mbappé (83')

La Liga

FC Sevilla - Atlético Madrid 0:2
0:1 Llorente (29'), 0:2 Morata (57')

RCD Mallorca - FC Barcelona 0:1
0:1 Lewandowski (20')