An der englescher Championship ass Norwich am Spëtzematch vum 12. Spilldag ugetrueden.

Den Danel Sinani war mat Norwich als Zweeten beim Drëttplacéierte Reading op Besuch. Norwich war an der 50. Minutt duerch den Hanley mat 1:0 a Féierung gaangen, mee Reading konnt duerch den Hendrick an der 60. Minutt ausgläichen.

Den Danel Sinani huet de Match op der Bänk ugefaangen a gouf an der 73. Minutt fir den Timuu Pukki agewiesselt.

D'Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris huet sech en Donneschdeg an der Europa League zu Braga a Portugal mat 2:1 duerchgesat. Den Nilsson huet an der 86. an an der 94. Minutt fir d'Ekipp aus der Belsch markéiert a seng Ekipp esou op d'Tabelleplaz 1 geschoss.

Al Wehda huet am saudiarabesche Championnat mat 0:2 géint Al-Taawon verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller Gerson Rodrigues stoung an der Starteelef, gouf awer an der 58. Minutt ausgewiesselt.