Am Rehazenter stinn d'Dieren iwwert de Weekend grouss op. Hei kann een de Para-Sport entdecken, ausprobéieren an Erfarunge sammelen.

Fir net behënnert Mënschen entsteet esou eventuell eng Motivatioun, fir sech am Benevolat z'engagéieren. Fir Leit mat engem Handicap kann den éischten Begeeschterungsfonken entzünt ginn, fir sech an engem vun de Veräiner vun der Federatioun vum Parasport unzemellen oder d'Aktivitéit ze wiesselen.

Nieft Turnéieren, sti 14 Atelieren mat verschiddene Sportdisziplinnen um Programm.

De Marc Schreiner, President Paralympic Lëtzebuerg huet um RTL-Mikro gesot, dass d'Offer u Sportaarten extrem breet gefächert wier. Do sinn och Sportaarte wéi Blanne-Judo, Klammen oder Botcha dobäi.

De Responsabelen no, huet de reegelméissegen Training e positiven Afloss op d'Muskelkraaft an op d'Beweeglechkeet, an dat hëlleft  behënnerten Matmënschen den Alldag  besser ze bewältegen. Mä och de sozialen Aspekt spillt eng wichteg Roll, esou de Marc Kiefer, Sportsdirekter Paralympic Lëtzebuerg.

Och Experte vu Protheese stinn zur Verfügung, fir Rotschléi ze ginn. D'Anne Kremer, dat féier Nummer 18 an der WTA-Weltranglëscht war, huet no engem Motorradsaccident vu virun 2 Joer, de Behënnerten Sport entdeckt.

Anne Kremer: "Et ass extrem schwéier, et ass esou een Energieopwand fir ze lafen, mä ech mierken, dass ech besser ginn an ech erwaarde mer, dass ech hei och nach deen een oder aneren Tuyau ka kréien, deen een oder anere Réglage un der Prothees ka gemaach ginn, fir dass ech muer erëm besser si wéi haut."

Ëmmer e Stéck besser ginn, an der Kompetitioun mat sech selwer, oder mat aneren. Do si fir behënnert Matmënschen
d'Paralympics, eng gutt Adress.