Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Raphaël Fiegen.

Beim Rich Simon erzielt hien ënnert anerem iwwer seng Passioun fir d‘Schlittenhënn, seng Expeditiounen, déi hie schonns mat hinne gemaach huet, wat seng Pläng fir d'Zukunft sinn a wéi vill Zäit een als Musher muss a säin Hobby investéieren.

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.