D'Norwegerin huet sech virum Anne Odine Strom an dem Eva Pinkelnig behaapt.

E Sonndeg stoung bei den Dammen d'Schisprangen am norwegesche Lillehammer um Programm. D'Victoire ass dobäi um Enn un d'Norwegerin Silje Opseth gaangen, dat sech mat 259.60 Punkte viru senger Landsfra Anne Odine Strom (252.10) an dem Eva Pinkelnig (250.90) aus Éisträich duerchsetze konnt.

Weider geet et fir d'Dammen den 11. Dezember zu Titisee-Neustadt an Däitschland.