Eng traureg Nouvelle kënnt aus dem nationale Futtball. Am Alter vu 55 Joer ass de Dan Theis dës Woch gestuerwen.
Dat huet d'Famill op de soziale Medie confirméiert. De fréieren Nationalspiller louch, no engem Malaise deen hien um Vëlo krut, zanter Méint an der Klinik.
Den Dan Theis huet 34 Matcher fir d'Nationalekipp gespillt.
Fir déi Escher Jeunesse stoung hien 279 Mol um Terrain an huet am Ganzen 122 Goler fir déi schwaarz/wäiss geschoss.
Siwemol gouf hie mat der Jeunesse Lëtzebuerger Champion an dräimol huet hien d'Coupe mat der Ekipp vun der Grenz gewonnen.
No senger aktiver Karriär war hien ënnert anerem Trainer bei der Jeunesse, zu Diddeleng, a bis 2020 zu Hesper. Mat Déifferdeng huet hien als Trainer zweemol d'Coupe gewonnen. Wärend dräi Joer war hien och Trainer vun der U19.
Den Dan Theis an d'Escher Jeunesse
De Barboni Jhemp war souwuel dem Dan Theis säi Kapitän, Trainer an duerno och President bei der Escher Jeunesse. Zesummen hate si vill flott Momenter op der Grenz zesummen.
122 Goaler huet den Dan Theis fir d'Jeunesse geschoss. Wärend 10 Joer huet den Escher och den Trikot vun der Nationalekipp iwwergestrëppt. Dat war vu 1991 bis 2001. Vill Energie an Zäit huet den Dan Theis an de Fussball a virun allem an d'Jeunesse gestach. En Donneschdeg ass den Dan Theis no laange Wochen am Spidol am Alter vu 55 Joer gestuerwen.
Der Famill vum Dan Theis dréckt RTL säin déifst Bäileed aus.