Des Kaart gëtt et den Ament just a Portugal a gouf duerch eng Initiativ fir de Fair Play ze stäerken an d‘Liewe geruff.

An deenen anere Championnater, dorënner och Lëtzebuerg, gëtt et dat bis ewell (nach) net.

Bei der FLF ass des wäiss Kaart aktuell och keen Thema, well et keng offiziell Demande vun der FIFA gëtt, fir des anzeféieren.

Beim Match tëscht Benfica a Sporting gouf et enger Persoun op der Tribün iwwel, déi doropshi vun den Dokteren gehollef krut. D'Arbitterin Catarina Campos huet dunn dem medezinesche Staff déi wäiss Kaart als Zeeche vun Unerkennung gewisen.

Tweet