
© RTL-Archiv / Val Wagner
Och de Gerson Rodrigues huet dëse Weekend keng Punkte mat senger Ekipp gesammelt. Den Eric Veiga an de Mathias Olesen kruten ee Punkt.
Um Samschdeg waren de Leandro Barreiro an de Mathias Olesen mat hire jeeweilegen Ekippen an der Bundesliga am Asaz. De Leandro Barreiro stoung bei der 1:2-Néierlag vu Mainz bei Union Berlin an der Startformatioun a gouf eréischt an der 89. Minutt ausgewiesselt. De Mathias Olesen war beim 0:0 vu Köln géint Leipzig zwar am Kader, souz awer 90 Minutten op der Bänk.
Den Eric Veiga huet an der zweeter portugisescher Liga mat Vilafranquense ee Punkt mat Heem geholl. Seng Ekipp huet bei Oliveirense 2:2 gespillt. Oliveirense stoung déi lescht Deeg an de Schlagzeilen, well si mam Japaner Kazuyoshi Miura deen eelsten aktive Fussballer verflicht hunn. Vilafranquense ass no 19 Matcher Fënneften an huet véier Punkte Réckstand op d'Relegatiounsplaz.
An der arabescher Premier League stoung de Gerson Rodrigues bei der 0:2-Néierlag géint Al Feiha 90 Minutten um Terrain. An der Tabell läit Al Wehda no 15 Spilldeeg just zwee Punkte virun enger direkter Ofstigsplaz.
Freideg
E Freideg gouf et fir Sparta Rotterdam an der héchster Divisioun an Holland en 0:0 bei Fortuna Sittard. De Mica Pinto stoung fir Rotterdam wéi gewinnt de ganze Match iwwer um Terrain. Mat dësem Remis ass d'Ekipp vum Lëtzebuerger elo zanter 9 Ligamatcher ongeschloen a bleift op der 6. Tabelleplaz.
An der zweeter Liga a Frankräich verléiert Bastia mam Florian Bohnert 1:3 zu Caen. De Lëtzebuerger ass no 70 Minutte beim Stand vun 2:0 fir d'Lokalekipp agewiesselt ginn.
An der zweeter hollännescher Liga gouf et een 2:1-Succès fir ADO Den Haag géint NAC Breda. Den Dirk Carlson op Säite vun Den Haag souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
Mëttwoch
Et war net de beschten Optrëtt vum Leandro Barreiro a Mainz. Nodeem si schonn an der Paus 0:3 géint Bayern am DFB-Pokal hanne waren, huet de Lëtzebuerger am Kader vun de Mainzer, deen nach an der Start 11 stoung, nom Téi op der Bänk misste Plaz huelen. Nom Säitewiessel hunn d'Bayern nach ee Gol geschoss, esou datt si no engem 4:0 am DFB-Pokal eng Ronn weider sinn.
An der Belsch war den Anthony Moris mat der Union Saint-Gilloise an der Coupe géint Royal Antwerpen gefuerdert. De Lëtzebuerger, deen 90 Minutten tëscht de Pottoe stoung, huet kee Ball laanscht gelooss an esou ass ee Gol vum Nieuwkoop an der 84. Minutt duergaangen, fir dëse Match ze gewannen.
Dënschdeg
An der Ligue 2 a Frankräich gouf et eng 2:0-Victoire fir den SC Bastia mam Florian Bohnert géint den AS Saint-Étienne. D'Goler vun den Van den Kerkhof an der 50. an den Ducrocq an der 65. geschoss. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain.