Zu Nyon an der Schwäiz war um Donneschdeg de Moien den Tirage vun der Qualifikatioun fir d'U21-Europameeschterschaft am Futtball.

D'FLF-Formatioun ass an engem Grupp F mat England, der Ukrain, Nordirland, Aserbaidjan a Serbien. D'Qualifikatioun gëtt vum Mäerz dëst Joer bis den November dat nächste Joer gespillt.

2025 ass dann d'Europameeschterschaft an der Slowakei, wou 16 Ekippe mat dobäi sinn.