
No enger Blessur am rezente Match vum PSG géint Montpellier muss de franséische Spëtzeclub elo op ee vu senge Starspiller verzichten.
De Kylian Mbappé wäert wéinst enger Blessur am Uewerschenkel fir ronn dräi Woche musse Paus maachen. Esou wäert hie an der Liga d'Matcher géint d'Toulouse a Monaco net kënne spillen, ma och wäert hien an der Coupe de France géint Marseille an am Champions League Allersmatch géint d'Bayern München de 14.02 sengem Patron net zu Verfügung stoen.
Ob hien an der Ligue 1 den 19. Februar géint Lille oder den 26.02 géint Marseille ka spillen, muss sech bis dohinner weisen.
Am meeschte gelies