
© AFP
Chelsea kënnt géint Fulham net iwwert en 0:0 eraus, wärend Athletic Bilbao sech souverän géint Cadiz duerchsetzt.
Bundesliga
FC Augsburg - Bayer Leverkusen 1:0
1:0 Berisha (55')
An enger Partie ouni allze vill gutt Occasiounen ass ee Kappball vum Berisha duergaangen, fir de Match zu Gonschte vun Augsburg ze entscheeden. Béid Formatioune ware gréisstendeels harmlos a Leverkusen war virun allem nom Réckstand offensiv ze onkreativ. D'"Werkself" verléiert domat den zweete Match hannerteneen, wärend Augsburg ee wichtege Succès am Ofstigskampf geléngt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
FC Chelsea - FC Fulham 0:0
Chelsea huet mat den neien Transferte Fernandez a Mudryk ugefaangen, ma Fulham huet un der Stamford Bridge awer gréisstendeels op Aenhéicht mat der Lokalekipp agéiert. D'"Blues" haten zwar déi besser Chancen, um Enn ass et awer net duergaangen, fir déi zweet Victoire am Joer 2023 feieren ze kënnen. Fulham huet domat weiderhin eng Avance vun 2 Punkten op Chelsea, déi den Ament just op der 9. Plaz an der Tabell leien.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
La Liga
Athletic Bilbao - FC Cadiz 4:1
1:0 Sancet (10'), 1:1 Escalante (25'), 2:1 Sancet (35'), 3:1 Alvarez (44'), 4:1 Sancet (75')