Den Norweeger gewënnt mat 2,7 Punkte virum Anze Lanisek. Bei der Victoire vum Ramon Zenhäusern am Slalom am Schi Alpin gouf et eng grouss Iwwerraschung.

Am Schisprange gewënnt den Norweeger Halvor Egner Granerud mat zwee Spréng vun 149,5 an 138 Meter d'Eenzelsprange bei de Männer am däitsche Wellingen a festegt domat seng Féierung am Gesamtweltcup. Zweete mat just 2,70 Punkte Réckstand gouf den Anze Lanisek aus Slowenien (150 m / 138 m), dat wéinst méi schlechten Haltungsnoute wärend dem Sprong. De Podium gëtt vum Pol Dawid Kubacki (147 m / 137 m) komplettéiert. Den Timi Zajc, deen am Mixed-Sprangen den Dag virdru sensationell op 161 Meter gespronge war, huet sech am Eenzel just als Zwielefte klasséiert.

Zu Chamonix a Frankräich war ass dëse Weekend d'Generalprouf virun der Weltmeeschterschaft zu Courchevel a Meribel, déi vum 6. bis den 19. Februar gefuer gëtt.

Am Slalom gewënnt de Schwäizer Ramon Zenhäusern seng fënneft Weltcup-Course an dat mat däitlechem Virsprong op den Zweetplacéierten. Dëse koum mam AJ Ginnis (1,02 Sekonnen) iwwerraschend aus Griicheland. De Ginnis louch nom éischten Duerchgang nach op Plaz 23, ass am zweete Laf awer déi bescht Zäit vun alle Participantë gefuer. Op déi drëtt Plaz koum mam Daniel Yule (+1,06 Sekonnen) e weidere Schwäizer. Plaz 4 a 5 goungen un d'Norweeger McGrath a Solevag, wärend et mat Steen Olsen (Norwegen) a Straßer (Däitschland) zwee Sechstplacéiert gouf (béid +1,47 Sekonnen).