E Samschdeg goufen direkt 2 national Indoor-Rekorder an der Liichtathletik gebrach. Een dovunner hat zanter bal 70 Joer gegollt.

Den 18 Joer ale Vivien Heinz war déi 1,609 Kilometer e Samschdeg bei engem Meeting op der Boston University an den USA an 3:57.47 Minutte gelaf. Domadder huet hien dem Josy Barthel säi Landesrekord an der Hal aus dem Joer 1954 ëm 10.03 Sekonne verbessert.

Och d'Vera Hoffmann eng nei national Beschtzäit an der Hal iwwert dës Streck realiséiert. Beim "New Balance Indoor Gran Prix", deen och e Samschdeg zu Boston war, war si d'Meil an enger Zäit vu 4:32.05 gelaf.