Bei der Weltmeeschterschaft zu Planica konnt sech Däitschland virun Norwegen a Slowenien Gold sécheren.

D'DSV-Adleren hunn hire Weltmeeschtertitel am Mixed-Teamsprange verdeedegt. D'Ekipp aus dem Katharina Althaus, Selina Freitag, Andreas Wellinger a Karl Geiger huet um Sonndeg eng weider Kéier d'Goldmedail gewonnen. Mat 1017,2 Punkte louch déi däitsch Ekipp däitlech virum Zweetplacéierten aus Norwegen (1004,5) a Slowenien (1000,4 Punkten). Däitschland gouf zwar zäitweis vun den zwou aneren Natiounen op Plaz 3 verdrängt, mee am zweeten Duerchgang huet d'Ekipp mam Adler op der Broscht alles kloer gemaach.

Am Slalom vum Schi Alpin huet de Marco Schwarz vun engem Fuerfeeler vum Odermatt am zweeten Duerchgang profitéiert a konnt sech doduerch d'Victoire mat enger Avance vun 0,03 Sekonne sécheren. De Marco Odermatt huet am Slalom zu Palisades Tahoe an den USA hat nom éischten Duerchgang eng grouss Avance, konnt déi awer net an d'Zil bréngen. Drëtte gouf de Rasmus Windingstad aus Norwegen (+ 0,36 Sekonnen).