De Reider huet um Samschdeg Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. Als éischte Lëtzebuerger huet hien e Grand Prix vun der Kategorie CSI5* gewonnen.

De Victor Bettendorf huet beim Turnéier zu Göteborg a Schweden säin éischte Grousse Präis op engem CSI-5-Stäre-Weltcup-Turnéier gewonnen. Den 33 Joer ale Sprangreider aus dem COSL-Elite-Kader hat mat sengem Päerd Mister Tac de Parcours am normalen Ëmlaf ouni Feeler absolvéiert a koum domat an d'Stieche mat fënnef anere Reider. Am Ganze waren 33 Sprangreider ageschriwwen.

Am Stiechen huet de Lëtzebuerger de Parcours nees ouni Feeler absolvéiert a war mat 37,52 Sekonnen dee Séiersten. Mat dësem Resultat huet de Victor Bettendorf Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen.

Victor Bettendorf gewënnt Turnéier zu Göteborg / Frank Hippert