De Lëtzebuerger konnt zulescht beim Meeting zu Metz op sech opmierksam maachen. E weidere Rendez-vous ass d'Weltmeeschterschaft zu Istanbul.

De Charel Grethen huet an de leschte Joren eng Rei Lëtzebuerger Rekorder realiséiert an de Grand-Duché bei internationale Kompetitiounen éierevoll vertrueden. Virun e puer Wochen huet hie beim Meeting zu Metz den nationale Rekord iwwer 3000 Meter gebrach. Als nächst grouss Kompetitioun stinn d'Indoor-Europameeschterschaften zu Istanbul um Programm.

Nieft sengem deeglechen Training, schafft den 30-järege Liichtathleet um Aarbechtsministère am Beräich Finanzen. Dat gëtt him d'Méiglechkeet, en Equiliber tëscht dem Sport an der Aarbechtswelt ze halen. Fir de Mëttelstreckespezialist wär dat eng gewëss Flexibilitéit.

De Charel Grethen wäert bei den Indoor-Europameeschterschaften iwwer 1500 an iwwer 3000 Meter un den Depart goen.