6 Lëtzebuerger Liichtathleten a Liichtathletinnen hu sech fir d’Indoor-Europameeschterschaften vum 2. bis de 5. Mäerz zu Istanbul qualifizéiert.

De Vivien Henz huet misste Forfait erkläre wéinst sengem Studium op der Harvard University an Amerika.

De Charel Grethen ass an Toppform aus engem Héichtentraining aus Südafrika zréckkomm an huet souwuel säin eegenen nationale Rekord iwwert 1.500 Meter, sou wéi och deen iwwert 3.000 Meter gebrach. Den 30 Joer alen Athlet huet sech du kuerzfristeg entscheet, fir iwwer déi 2 Distanzen zu Istanbul unzetrieden.

De Charel Grethen an de Camille Schmit am Interview
De Charel Grethen a säin Trainer iwwer d'EM zu Istanbul.

Vun deene 24 Athleten, déi op den 1.500 Meter wäerte starten, läit de Charel mat senger Saisonsbeschtzäit op 8. Positioun. Et ginn 3 Serië gelaf, déi zwee Éischt vun all Serie qualifizéiere sech direkt fir d’Finall an déi 3 bescht Chronoe vun den 3 Serien zesummegezielt. Dat gëtt net einfach. Villes hänkt dervun of, ob een eng séier oder eng taktesch Serie erwëscht.

RTL

Vun deenen 23 Konkurrenten iwwert d'3.000 Meter läit de Charel mat senger Saisonsbeschtzäit op der 7. Positioun.

Zäitplang fir de Charel Grethen

Serie 1.500m den 2. Mäerz um 20.05 Auer

Finall den 3. Mäerz um 20.40 Auer

Serie 3.000m de 4. Mäerz um 10 Auer

Finall de 5. Mäerz um 20 Auer

De Bob Bertemes (Trainer Khalid Aloawati) huet sech um nationale Championnat mat engem Stouss vun 21,93 Meter op déi éischt Positioun vun dëser Saison am europäesche Ranking katapultéiert an op déi 2. Positioun weltwäit.

RTL

Am Géigesaz zu deenen normale Kompetitioune ginn et keng 6, mee nëmmen 3 Essaien, fir sech fir d'Finall ze qualifizéieren. Vun deenen 18 Konkurrente qualifizéiere sech der 8 fir d'Finall. Mat 21,20 Meter oder méi wier de Bielesser direkt qualifizéiert. D'Hallschent vun deenen 18 Konkurrenten hunn d'Bomm dës Saison schonn iwwer 21 Meter wäit gestouss. Keng einfach Saach also fir de Bob Bertemes.

D'Qualifikatioun ass den 2. Mäerz vun 19.12 Auer un an d'Finall den Dag drop vun 19.25 Auer un.

D'Patrizia Van der Weken (Trainer Arnaud Starck) huet Erfarung mat internationale Kompetitiounen a Qualifikatioune fir d'Halleffinallen. D'Athletin ass dëst Joer zwar nach net iwwer d'60 Meter Sprint un hiren eegenen nationale Rekord erukomm, mee huet Reegelméissegkeet an de Performancë gewisen an d'Sprinterin versteet et, fir sech wärend  héichkarätege Kompetitiounen ze steigeren.

RTL

Ënnert deenen 38 Athletinne läit d'Patrizia Van der Weken op der 13. Positioun, wat d'Saisonsbeschtzäit betrëfft.

D'Serië sinn um 12.05 Auer, d'Halleffinallen um 19.05 Auer an d'Finall um 21.45 Auer, alles den 3. Mäerz.

D'Victoria Rausch (Trainer Arnaud Starck) war mat engem nationale Rekord iwwer d'60 Meter Hecken an d'Saison gestart. D'Celtic-Athletin huet sech iwwert de Ranking qualifizéiert. Op der Europameeschterschaft zu München hat d'Athletin sech iwwerraschend fir d'Halleffinall qualifizéiert, firwat net och zu Istanbul.

RTL

Vun 32 Konkurrentinne läit d'Victoria Rausch op der 27. Positioun wat d'Saisonsbeschtzäit betrëfft.

D'Serië sinn de 4. Mäerz vun 10.45 Auer un an d'Halleffinallen an d'Finall de 5. Mäerz um 10.55 Auer, respektiv um 20.55 Auer.

No enger komplizéierter Saison mat Trainerwiesselen a Blessuren huet d'Vera Hoffmann (Trainer Bob Bertemes) erëm d'Freed um Lafen an un de Kompetitiounen entdeckt. No engem Héichtentraining a Südafrika koum d'1.500-Meter-Spezialistin mat enger exzellenter Form zréck an huet den nationale Rekord souwuel iwwert d'5.000, wéi och iwwert d'1.500 Meter gebrach, esou dass nach eng iwwerraschend Qualifikatioun fir d'Indoor-Europameeschterschaft iwwert de Ranking erausgesprongen ass.

RTL

© Tom Flammang

Vun 22 Athletinne läit d'Vera Hoffmann mat senger Saisonsbeschtzäit un 12. Positioun.

D'Serië sinn den 3. Mäerz um 11.30 Auer an d'Finall de 4. Mäerz um 20 Auer.

De komplette Programm vun all de Kompetitioune fannt Dir hei.