
© AFP (ARCHIV)
Et war iwwerhaapt eréischt déi éischte Victoire am Schi-Weltcup bei enger Descente vun enger Norwegerin.
D'Norwegerin Kajsa Vickhoff Lie gewënnt am Schi Alpin bei den Dammen hiren Heem-Weltcup zu Kvitfjell, net wäit fort vu Lillehammer, mat 0,29 Sekonne Virsprong op d'Sofia Goggia. Och wann d'Italienerin net gewanne konnt, geet hir eng zweete Plaz duer, fir déi kleng Kristallkugel ze gewannen. Et ass déi 4. Kéier, dass d'Sofia Goggia de Gesamtweltcup an der Descente gewanne konnt. D'Corinne Sutter assmat engem Réckstand vun 0,41 Sekonnen op Kajsa Vickhoff Lie op déi 3. Plaz gefuer.
De Norweger Aleksander Aamodt Kilde gewënnt bei den Hären net nëmmen Descente zu Aspen an den USA, mee och de Weltcup an der Descente. Op déi zweete Plaz fiert no 2,48 Kilometer de James Crawford aus Kanada virum Marco Obermatt aus Éisträich. E Freideg gouf Descente nach wéinst ze schlechte Siichtverhältnisser ofgesot.
Am Biathlon huet bei den Hären de Johannes Thingnes Bö nom Sprint och d'Poursuite fir sech entscheet. Zu Nove Mesto huet den aktuellen Leader bei den Hären der Konkurrenz keng Chance gelooss. Am Zil hat den Norweger no zwou Strofronnen e Virsprong vu 34,6 Sekonnen op säi Brudder Tarjei Bö. Op déi 3. Plaz klasséiert sech de Schwed Martin Ponsiluoma (+ 1:11).
Bei den Dammen huet Marte Olsbu Röiseland d'Poursuite fir sech entscheet. Och si hat e Freideg de Sprint scho gewonnen. Iwwer 10 Kilometer ka si sech virum Ingrid Landmark Tandrevold (+ 2,2 Sekonnen) an der Franséisin Anais Chevalier-Bouchet (+ 15,3 Sekonnen).
Bei der Nordescher Schi-WM huet am Schisprange Slowenien d'Goldmedail gewonnen. Am Team-Sprange fléien och nach Norwegen an Éisträich op de Podium.