
Mat 21,21 Meter huet de Bob Bertemes sech just dem Ukrainer Roman Kokoshko misste geschloe ginn. Den Italiener Zane Weir gouf Drëtten.
De Bob Bertemes konnt sech e Sonndeg beim European Throwing Cup a Portugal als gudden Zweeten am Bommstoussen klasséieren. Eng deck Woch no der Indoor EM zu Istanbul, wou et mat 21 Meter eng 5. Plaz fir de Sportzaldot gouf, huet den CAB-Athlet d‘Bomm dëst Kéier op 21,21 Meter gestouss. Gewonne gouf d‘Kompetitioun vum EM-Drëtten dem Ukrainer Roman Kokoshko. Den Europameeschter Zane Weir aus Italien koum a Portugal op déi 3. Plaz.
Am meeschte gelies