5 Goler huet den Norweger beim 7:0 géint Leipzig geschoss. City ass domat nieft Inter Mailand, déi 0:0-Gläich géint Porto spillen, een Tour weider.

Um Dënschdeg an um Mëttwoch ginn déi lescht Matcher vun den 1/8-Finallen an der Champions League gespillt.

Manchester City hat an der éischter Hallschent wuel eng glécklech Hand waat d'Entscheedunge vum Arbitter ubelaangt, mee alles an allem huet d'Ekipp vum Pep Guardiola Leipzig iwwer 90 Minutte keng Chance gelooss an iwwerrennt den RB duerch ënnert anerem 5 Goler vum Erling Haaland mat 7:0. Domat steet City an der Véierelsfinall.

Porto huet den Allersmatch mat 0:1 géint Inter Mailand verluer gehat, a stoung deemno am Retourmatch virun eegenem Public ënner Drock. Taremi, Evanilson a Co. hunn et trotz alle Beméiungen awer net fäerdeg bruecht e Gol ze markéieren, sou dass de Match mat engem 0:0 op en Enn geet. Domat steet Inter Mailand säit 2011 mol nees eng Kéier ënnert deene beschten 8 Ekippen an Europa.

Manchester City - RB Leipzig 7:0

1:0 Haaland (22'), 2:0 Haaland (24'), 3:0 Haaland (45+2'), 4:0 Gündogan (49'), 5:0 Haaland (54'), 6:0 Haaland (57'), 7:0 de Bruyne (90+2')

Alles an allem huet Manchester City déi Däitsch vun Ufank un an déi eegen Hallschent gedréckt, sou dass d'Ekipp vum Marco Rose Schwieregkeeten hat hiert eegent Spill kennen opzebauen, wat Haaland a Co. dann och äiskal konnten ausnotzen.

An der 21. Minutt huet de VAR sech beim Arbitter gemellt. No engem Handspill vum Henrichs, dat net onbedéngt absichtlech war, gouf et trotz allem Eelefmeter, deen den Haaland dann och ouni Problemer am rietsen Eck verwandelt huet. 77 Sekonne méi spéit huet den Norweger eng zweete Kéier zougeschloen. No engem Hummer-Schoss vum de Bruyne huet den Haaland am séierste reagéiert a per Kapp den 2:0 no 24 Minutte markéiert. Leipzig hat an der Suite wuel e puer geféierlech Aktiounen, e richteg kadréierten Ofschloss konnte si awer net verbuchen.

No engem Corner an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent stoung den Haaland alt nees goldrichteg a konnt säin drëtte Gol markéieren. Eng méi wei verdéngte Féierung an der Paus fir d'Ekipp vum Pep Guardiola.

D'Goler aus der 1. Hallschent. 
3 Goler konnt den Erling Haaland an der 1. Hallschent markéieren. 

An der zweeter Hallschent sollt et aus der Siicht vu RB Leipzig esou weider goe wéi déi Éischt. Et krut een am Spillopbau keen Zougrëff, an d'Citizens hu quasi mat all Chance e Gol konnte schéissen. De Gündogan huet an der 49. Minutt mat engem prezise Schoss mam 4:0 fir déi endgülteg Virentscheedung gesuergt.

Sollt den Erling Haaland an der éischter Hallschent dréi Goler markéieren, sinn da am zweeten Duerchgang nach emol zwee dobäi komm. Bis ewell ass dat eréischt engem Spiller gelongen, an der Kinneksklass 5 Goler an engem Match ze markéieren, an daat war de Lionel Messi.

De Match ass an der Schlussphase e bëssi viru sech hi geplätschter, bei engem Spillstand vu 6:0 awer net verwonnerlech. Fir de Schlusspunkt huet den de Bruyne gesuergt, deen an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit den Deckel drop gemaach huet. City steet nom 1:1 am Allersmatch an dem 7:0 am Retourmatch domat an der 1/4-Finall.

D'Goler aus der 2. Hallschent.
Haaland-Show ass och an deenen zweete 45 Minutte weider gaangen.

FC Porto - Inter Mailand 0:0

De Resumé vum Match FC Porto géint Inter Mailand.
Nom 0:1 am Allersmatch war Porto gefuerdert. Et sollt um Enn awer net duergoen.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.