E Mëttwoch goufen déi lescht zwee Tickete fir d'1/4-Finallen vun der Champions League verdeelt. Dës konnte sech de Real vu Madrid an Neapel sécheren.

Liverpool, déi am Allersmatch doheem mat 2:5 géint Real Madrid ënnergaange waren, haten eng Herkules-Aufgab viru sech, déi um Enn dach ze grouss war. No enger schwaacher Leeschtung verléieren d'Reds vum Jürgen Klopp verdéngt géint de Real vu Madrid mat 0:1 a fléien domadder aus der Champions League eraus.

Net nëmmen ouni eege Supporteren, mä och ouni Chance war d'Frankfurter Eintracht zu Neapel. Wéi schonns am Allersmatch, deen 2:0 fir Neapel ausgaangen ass, haten déi Däitsch dem italieeneschen Tabellenéischten näischt entgéint ze setzen. An Italien kommen d'Frankfurter mat 3:0 ënnert d'Rieder a fléien domadder verdéngt aus den 1/8-Finalle vun der Champions League eraus.

Real Madrid - FC Liverpool 1:0

1:0 Benzema (78')

Et war en onrouege Match, deen d'Spectateuren am Ufank gebuede kruten. Et ass op an of gaangen a béid Formatiounen hu sech e puer technesch Feeler geleescht. Duerch en technesche Feeler vum Carvajal sollt dunn déi éischte Chance am Match resultéieren. Nodeems de Salah dem Spuenier an der 7. Minutt de Ball ofgeholl hat, huet dëse séier op den Nunez gespillt, deen net laang gezéckt huet an direkt a Richtung Gol geschoss huet, mä de Courtois konnt de Ball ouni Problem halen. Op der anerer Säit konnt Madrid vun engem Feeler vum Alexander-Arnold profitéieren, mä och d'Madrilene konnten de Ball an der 9. Minutt net am Gol ënnerbréngen.

Duerno war et virun allem de Real vu Madrid, deen den Toun uginn huet. Dëst duerch Distanzschëss. Mä weder de Kroos an der 11. Minutt, nach de Modric an der 22. Minutt konnten de Becker am Gol vu Liverpool domadder bezwéngen. Dësen huet eng gutt éischt Hallschent gespillt. Esou konnt de Brasilianer an der 14. Minutt e Schoss aus noer Distanz vum Vinicius Jr. paréieren, dee vum Rüdiger schéin an Zeen gesat gouf. Weider konnt hien an der 20. Minutt in extremis e Schoss aus gutt 30 Meter vum Camavinga un d'Lat deviéieren, dee soss ragaange wier.

Duerno ass de Match ofgeflaacht. Real Madrid huet de Match geréiert a Liverpool konnt bis an déi 32. Minutt offensiv keng Akzenter setzen. Et war den Nunez, deen dunn an der 33. Minutt sech schéin op der Säit duerchsetzen an e Ball a Richtung Gol brénge konnt. De Courtois war allerdéngs waakreg a konnt de Ball an de Corner deviéieren. Déi leschte Chance an der éischter Hallschent goung iwwerdeems och un d'Reds. Dës Kéier war et de Gakpo deen e Ball a Richtung Gol bruecht huet, mä och dës Kéier stoung de Golkipp vum Real goldrichteg. Duerno ass näischt méi geschitt an et ass mat engem 0:0 an d'Paus gaangen.

D'Highlighten aus der 1. Hallschent.
An der éischter Hallschent konnt keng Formatioun e Gol markéieren

Nom Téi koum et zu enger klenger Drockphas vum Real, mä de Becker konnt seng Ekipp déi eng oder aner Kéier virum Géigegol retten. No der éischter Véierelsstonn ass et dunn nees méi roueg zougaangen. Madrid huet e Gank zréckgeschalt, ouni datt Liverpool dovunner profitéieren a sech Chance kreéiere konnt.

Et waren esouguer d'Madrilenen, déi sech weider Chancen erausgespillt hunn. An der 63. Minutt ass eng Flank vum Modric an de Strofraum geseegelt komm, déi de Valverde mat sengem Käpper allerdéngs net verwäerte konnt. De Benzema koum an der 69. Minutt iwwerdeems zum Ofschloss, mä och hie konnt op en Néits de Becker am Liverpooler Gol net bezwéngen. Vu Liverpool ass guer näischt méi komm an et war eng enttäuschend Prestatioun vun der Ekipp vum däitschen Trainer Jürgen Klopp.

An der 78. Minutt huet de Real dunn de Deckel op de Match gesat. De Vinicius Jr. gouf schéin an d'Lach geschéckt, mä huet bei sengem Schossversuch e Loftlach geschloen. A leschter Sekonn krut hien de Ball nach op de Benzema gespillt, deen de Ball dunn ouni gréisser Problemer zum 1:0 fir seng Faarwen am Gol ënnerbruecht huet.

De Benzema markéiert den eenzege Gol am Match
Domadder war d'Bier geschielt a Liverpool esou gutt wéi sécher eliminéiert.

Duerno ass net méi vill geschitt, soudatt de Match mat 1:0 op en Enn geet a Liverpool verdéngt aus der Champions League erausflitt.

D'Highlighten aus der 2. Hallschent
Et war eng schwaach zweet Hallschent vun de Liverpooler an där de Benzema den Deckel an der 78. Minutt dropgemaach huet.

SSC Neapel - Eintracht Frankfurt 3:0

1:0 Osimhen (45+2'), 2:0 Osimhen (53'), 3:0 Zielinski (per Eelefmeter, 64')

De Resumé vum Match SSC Neapel géint Eintracht Frankfurt.
Neapel léisst Frankfurt keng Chance a mécht kuerze Prozess mat de Frankfurter.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.